Op den Inhalt sprangen

Watchmen

Vu Wikipedia
D'Schreifweis vun dësem Artikel oder vun dësem Deel vum Artikel entsprécht net de Wikipedia-Krittäre fir en enzyklopedeschen Artikel a muss onbedéngt verbessert ginn. Den Auteur gëtt frëndlech gebieden, sech d'Säiten Eis Schreifweis unzekucken, an hei z'applizéieren.
Logo

Watchmen ass e Comic, deen am Joer 1986 an den USA publizéiert gouf. E gouf vum Alan Moore geschriwwen a vum Dave Gibbons gezeechent. Watchmen zielt zu de bekanntsten a beschten Action-Comics op der Welt.  

De Comic ass fir d'Éischt an 12 Bänn erauskomm. Um Enn vum Joer 1987 goufen déi 12 Kapitele vum Verlag DC Comics als Sammelband publizéiert. Dowéinst gëtt de Comic haut och éischter als Graphic-Novel bezeechent. Wann ee vu Watchmen schwätzt ass och meeschtens dat ganzt Wierk ze gesinn an net déi 12 Bänn als eenzel Geschichten.

Comicserië sinn um Enn vun de 70er Joren ëmmer manner verkaaft ginn. Mat Watchmen ass de Format erëm an den USA populär ginn. De Wee fir aner Action-Comics, mat Superhelden als Protagonisten, war fräi. DC Comics huet nom Erfolleg vun de Watchmen eng Rëtsch Comicserien erausbruecht déi sou wéi Watchmen opgebaut sinn.

Watchmen ass eng fiktiv Geschicht an spillt am Joer 1985 zu New York. S'inspiréiert sech un der Wierklechkeet, allerdéngs gëtt et verschidden Ënnerscheeder. De President Nixon ass ënner anerem nach ëmmer un der Muecht an d'Amerikaner hunn de Vietnamkrich gewonnen.

D'Handlung dréint haaptsächlech ëm de Muerd vun engem vun de sechs Superhelden, dem Comedian. Den Haaptcharakter, de Rorschach versicht seng al Kolleegen zesummenzekréie fir de Mäerder ze fannen. D'Geschicht gëtt gréisstendeels aus senger Perspektiv a mat Hëllef vun sengem Tagebuch erzielt.

D'Watchmen si sechs sougenannt Superhelden, déi géint Kriminalitéit kämpfen. Allerdéngs goufe se schonn am Joer 1977 verbueden, well d'Bevëlkerung hinnen net méi getraut huet. De Rorschach ass den eenzegen deen nach aktiv ass an deen och d'Initiativ hëlt fir dem Comedian säi Muerd opzedecken. Hi geet nämlech dovun aus, datt en ale Feind sech op d'Sich no de Watchmen mécht a s'all ëmbrénge wëll. Dat wëll hie verhënneren, och wann d'Watchmen net méi alleguer gutt openeen ze schwätze sinn.

All Figur ass op seng Aart a Weis speziell. Den Alan Moore wollt keng Superhelden déi gutt oder schlecht sinn. Hie wëll all positiv wéi negativ Charakterzich an Aspekter vu sengen Helde weisen. Dobäi weist en zum Beispill och op d'Brutalitéit, d'Alkoholsucht oder d'Instabilitéit vu senge Figuren hin. D'Personnagë kommen dowéinst extreem realistesch eriwwer. Déi zweedeiteg Porträtéierung, mécht seng Personnagë ganz komplex.

De Rorschach, mam richtege Numm Walter Joseph Kovacs, ass den Haaptpersonnage aus dem Comic. En huet keng iwwermënschlech Superkraaft, mä ass dofir extreem intelligent an e gudden Taktiker. E ka sech aus alle méigleche Situatioune fräimaachen a beherrscht verschidde Kampfsportaarten. De Rorschach ass mental instabil wat e fir seng Géigner onberechenbar mécht. Och nodeems d'Watchmen verbuede goufen, ass hie mat senger Aarbecht, fir Kriminalitéit ze stoppe, weidergefuer. Hien ass den eenzege vun de Watchmen dee weider dru gleeft, datt eng Grupp vu Superhelden de Staat a Sécherheet halen kann. De Rorschach ass gär am Donklen a e bléift gär verstoppt. Hie gëtt als Antikommunist porträtéiert a loyal zu den amerikanesche Wäerter. Hien ass ee ganz komplexe Personnage well e mental onstabil ass an nëmme radikal Meenunge vertrëtt.[1]

Dr. Manhatten

[änneren | Quelltext änneren]

Doctor Jonathan Osterman ass de richtegen Numm vun deem Personnage. Bei engem Accident wärend engem Experiment an engem nukleare Bunker, ass den Dr. Manhatten u seng Superkraaft komm. Hie ka sech an aner Leit teleportéieren. Hie ka seng Gréisst och verännere wéi e wëll a grad Loscht huet. E ka sech selwer och sou dacks kopéiere wéi e wëll. E gëtt och net méi al a schéngt och keng Péng ze kennen. No sengem Accident kann den Dr. Manhatten allerdéngs keng Gefiller méi weisen an huet och guer keng Empathie fir Mënschen. En intresséiert sech fir Militär, Politik an Technik a fir soss näischt aneres.[2]

Edward Morgan Blake ass de richtegen Numm vun deem Personnage. En ass bei senge Kolleegen awer besser bekannt als Eddie. De Comedian schafft als paramilitäreschen Agent a vertrëtt amerikanesch Wäerter. Spéider a senger Pensioun, schafft en als Diplomat. Hie gëtt als grousse Patriot vun der Regierung portraitéiert. De Comedian ass souzesoen de brutaalste Personnage vun de Watchmen an en huet guer keng Skrupel fir Mënschemassen ëmzebréngen. En ass extreem aggressiv a ka gutt mat Waffen ëmgoen. E kennt sou gutt wéi all Waffen aus der Arméi an huet der och vill vun all méiglech Zort. Dobäi kënnt datt en an enger exzellenter kierperlecher Verfassung ass a sou och e gudde Kämpfer ass. De Comedian huet ënner anerem och am Zweete Weltkrich an am Vietnam-Krich gekämpft. Am Comic gëtt de Comedian als Mäerder vum John F. Kennedy duergestallt.[3]

Adrian Alexander Veitd ass de richtegen Numm vun dësem Charakter. Hien ass och nach bekannt als Ozzy oder The World's Smartest Man. Hien huet keng speziell Superkraaft, mä ass dofir de schlauste Mënsch op der Welt. Säin Idol a Virbild ass den Alexander de Groussen. Säi Costume an säin Numm sinn och vun där historescher Figur inspiréiert. De Veitd gëtt berüümt well e seng richteg Identitéit weist an déi och vermaart. E verkeeft Figure vum Ozymandias a schreift och Bicher iwwer sech. E gëtt als intelligente Geschäftsmann portraitéiert dee vun allem op der Welt Bescheed weess. E leet awer och extreem vill Wäert op seng Moral. Dat gesäit ee well en ëmmer fir de gudden Zweck wëll kämpfen an och onschëlleg Leit rette wëll.[4]

D'Silk Spectre mam richtegen Numm Laurie Juspeczyk an och nach als Laurie Jupiter bekannt, ass eng gutt Kämpferin an huet keng Problemer mat e puer Géigner gläichzäiteg ze kämpfen. Si huet scho mat 5 Joer ugefaange Kampfsportaarten a Gymnastik ze trainéieren. Sie huet mat hirer Mamm Sally Jupiter trainéiert déi och Superheldin zur Zäit vun de Minutemen war. D'Laurie Juspeczyk gëtt als liberal denkend a modern Fra portraitéiert, déi sech selwer och als Feministin gesäit.[5]

Mat richtegem Numm heescht dësen Personnage Dan Dreibeirg. En ass den Nofollger vum éischten Nite Owl, dem Hollis Mason. Den Hollis ass dem Dan säi gréissten Virbild. Déi zwee hunn och privat matenee Kontakt an treffen sech och reegelméisseg. Den Nite Owl seng Fäegkeeten léien am Erfannen a Baue vun Gadgeten, Apparater an Waffen déi hien dono benotzt fir sech ze verdeedegen. Den "Owlship" ass eng Fluchmaschinne a Form vun enger Eil, mat där hie ronderëm fiert a fir Uerdnung suergt. Säin Costume an och seng Waffen sinn alleguerten vun enger Eil inspiréiert. Säi spezielle Brëll erméiglecht him, an der Nuecht bei kompletter Donkelheet ze gesinn. Den Nite Owl erënnert staark un der Batman-Figur, déi och am Haus DC Comics produzéiert gett.[6]

Mat der Serie Before Watchmen, déi a 37 Bänn zanter 2012 publizéiert ginn, kënne sech d'Lieser e Bild iwwer d'Virgeschicht vun de Watchmen maachen. All Band handelt nämlech haaptsächlech iwwer ee vun de sechs Superhelden vun de Watchmen. Do dra gëtt gewise wéi déi eenzel Helden allkéiers zu de Watchmen gestouss sinn.

D'Virgeschicht Before Watchmen huet fir zimmlech vill Kritik gesuergt, well DC Comics se géint de Wëlle vum Moore a Gibbons verëffentlecht huet. D'Virgeschicht gouf net vum Moore geschriwwen an och net vum Gibbons gezeechent. Si hunn nämlech gesot datt Watchmen eng fäerdeg Geschicht ass, a se net sollt mat enger Virgeschicht oder engem zweeten Deel verlängert ginn. Well DC Comics trotzdeem d'Virgeschicht verëffentlecht huet, si s'an d'Kritik geroden an hunn och net vill vun der Fortsetzung verkaaft kritt. Zënterhier hu sech déi 2 Auteuren, déi mat Watchmen weltbekannt goufen, vum Verlag distanzéiert.

D'Virgeschicht gouf vum Len Wein, Michael Straczynski, Brian Azzarello an Darwyn Cooke geschriwwen a vum J. G. Jones, Adam Hughes, Lee Bermejo, Amanda Conner, Andy Kubert an Joe Kubert gezeechent.[7],[8]

Et gouf e puermol versicht de Comic Watchmen ze verfilmen. Allkéiers hunn d'Auteuren missen ophale well se keng Rechter krute fir d'Comicpersonnagen ze benotzen. Réischt am Joer 2009 ass et Warner Bros. Pictures an dem Filmdirékter Zack Snyder gelongen de Film op d'lénge Wand ze bréngen. Allerdéngs ass ee grousse juristesche Sträit tëscht 20th Century Fox a Warner Bros. Pictures entstanen. 20th Century Fox wollt nämlech de Release stoppen, well se fonnt hu si hätten nach ëmmer d'Filmrechter fir Comicfiguren déi si am Joer 1988 provisoresch kruten. De Film Watchmen ass ënner dem selwechten Numm verëffentlecht gi wéi de Comic.[9]

Tëscht dem Film an dem Comic gëtt et verschidden Ënnerscheeder, wéi zum Beispill den Alter vun den Haaptpersonnagen oder och e puer Ënnerscheeder beim Ausgesinn.

  1. https://comicvine.gamespot.com/rorschach/4005-40444/
  2. https://watchmen.fandom.com/wiki/Jon_Osterman
  3. https://watchmen.fandom.com/wiki/Eddie_Blake
  4. https://comicvine.gamespot.com/ozymandias/4005-43221/
  5. https://watchmen.fandom.com/wiki/Laurie_Juspeczyk
  6. https://watchmen.fandom.com/wiki/Dan_Dreiberg
  7. https://www.cbr.com/dc-comics-to-publish-before-watchmen-prequels/
  8. https://www.nytimes.com/2012/02/01/books/dc-comics-plans-prequels-to-watchmen-series.html?_r=1
  9. https://www.sf-fan.de/aktuelle-meldungen/watchmen-2009.html