Op den Inhalt sprangen

Neifundland a Labrador

Vu Wikipedia
Neifundland a Labrador
Fändel Wopen
Devise: Quaerite prime regnum Dei

All Provënzen an Territoirë vu Kanada
Land: Kanada
Haaptstad: St. John's
Gréisst Stad: St. John's
Premierminister: Andrew Furey (Lib.)
Fläch:
 - Total:
 - Waasser:
Op 10. Plaz
405.212 km²
7,7 %
Bevëlkerung:
 - Total:
 - Dicht:
Op 9. Plaz
514.536 (2011)
1,38/km²
Deel vu Kanada ginn: 31. Mäerz 1949
Offiziell Sprooch: Englesch
Zäitzon: UTC-4/-3,5
Postcode: NL

Neifundland a Labrador (engl.: Newfoundland and Labrador, frans.: Terre-Neuve-et-Labrador) ass eng Provënz am Nordoste vu Kanada. Si besteet aus der Insel Neifundland an der Regioun Labrador an huet eng Gesamtgréisst vu 405.212 Quadratkilometer.

D'Provënz läit am Nordoste vu Kanada a vum nordamerikanesche Kontinent. Duerch d'Mier ass si an zwou separat geographesch Entitéite gedeelt: am Weste läit de Labrador, eng grouss Regioun um Festland, an am Oste läit Neifundland, eng Insel am Atlanteschen Ozean. Vun de ronn 500.000 Awunner vun der Provënz wunnen der 92% op der Insel Neifundland. Donieft gëtt et nach 7.000 aner kleng Inselen.

Spuere vu mënschlecher Besiidlung an der Regioun gëtt et zënter 9.000 Joer. Éischt Europäer op der Plaz waren d'Wikinger. De Leif Eriksson soll ëm d'Joer 1.000 mat sengem Schëff op Neifundland gelant sinn.

1583 ass Neifundland déi éischt englesch Kolonie an Nordamerika ginn. Déi haiteg Haaptstad St. John's ass eng vun den eelste Stied um Kontinent. Bis 1907 war d'Regioun eng brittesch Krounkolonie, éier se vun 1907 bis 1934 en Dominion am brittesche Räich war. Wéinst wirtschaftlechen a finanzielle Problemer ass 1934 d'Verfassung ausser Kraft gesat ginn an den Territoire ass nees zur Krounkolonie ginn. Den 22. Juli 1948 hunn an engem Referendum 52,3% vun der Bevëlkerung fir eng Confederatioun mat Kanada gestëmmt. Hallefnuecht den 31. Mäerz 1949 ass Neifundland dunn offiziell Deel vu Kanada ginn.

De 6. Dezember 2001 ass d'Verfassung geännert ginn an d'Provënz huet den Numm Newfoundland and Labrador ugeholl.[1]

Am leschte Quartal vum 20. Joerhonnert war d'Provënz an enger wirtschaftlecher Rezessioun, an dat haaptsächlech nom Kollaps vun der Fëscherei vum Cabillaud an der gesamter Fëschindustrie, déi an Neifundland a Labrador wärend 500 Joer eng besonnesch grouss Roll gespillt huet. Wéinst chronescher Iwwerfëschung huet d'kanadesch Regierung an den 1990er e Moratorium op d'Fësche vum Cabillaud erlooss, wat e Rekordchômage an eng massiv Auswanderung mat sech bruecht huet.

Mat engem Boom am Secteur vun den Energien an den natierleche Ressourcen huet sech d'Wirtschaft am 21. Joerhonnert erholl.[2] D'Bevëlkerung huet sech stabiliséiert a wiisst esouguer erëm liicht.

Landwirtschaft spillt eng relativ onbedeitend Roll, wärend den Tourismus ëmmer méi wichteg gëtt. 2015 hu 503.000 Touristen d'Provënz besicht an am Ganze 492 Millioune kanadesch Dollar ausginn.[3]

Commons: Neifundland a Labrador – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. CBC: Newfoundland's name change now official (6. Dezember 2001)
  2. The Globe and the Mail (online): Labour shortage looms in Newfoundland and Labrador (17. Dezember 2011)
  3. Department of Business, Tourism, Culture and Rural Development: Year-end Provincial Tourism Performance 2015