Client (Informatik)
Ausgesinn
![](https://cdn.statically.io/img/upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/c/c9/Client-server-model.svg/220px-Client-server-model.svg.png)
An der Informatik ass e Client (engl.) e Computerprogramm, dee vun engem Benotzer gebraucht gëtt, fir mat engem Computernetzwierk ze connectéieren an Ufroen un e Server ze stellen.
De Computer (d'Hardware), iwwer dee mam Server kommunizéiert gëtt, gëtt och Client genannt.
E Webbrowser ass zum Beispill e Client, deen den HTTP-Protokoll gebraucht fir mat engem Webserver ze kommunizéieren, a sou Daten ofzeruffen, déi en dem Benotzer weist. En anert Beispill sinn E-Mail-Clients (E-Mail-Programmer wéi Microsoft Outlook), déi Kontakt mat engem E-Mail-Server ophuelen, E-Mailen ofruffen an dann iwwer de selwechte Server och E-Maile verschécken.